Avex

VUN 11-14 JOER

An Patrullen léieren déi Jonk den Teamgeescht kennen, léieren eegen Décisiounen ze huelen an d’Selbststännegkeet auszeprägen. Et mëscht een e Schrëtt an eng néi Welt. Zeltiwwernuechtung, Camp am Ausland, Féier maachen ënnert sécheren Konditiounen, Konstruktiounen bauen an ob enger eegen gebautener Kichen beispillsweis och ze kachen. An den Avex geht d’Abenteuerrees nach emol sou richteg lass.

Nierft Versammlungen, wäerten och Weekender a Sortien stattfannen ënner aanerem mat aaneren Scoutsgruppen. D’Kanner sinn wëllkommen deelzehuelen an hier eegen Idéen anzebréngen.

Versammlungen 

Ausser an den Schoulvakanzen.

Responsabel:

Charel Lepage

Kontakt:

avex@sgs.lu