2020 01 25 Avexhike

Um 25. Januar 2020 hunn sech 8 vun den Schëfflenger Avex zesummen getraff fir op een vun hiren Chef sëlwer organiséierten Hike ze goen. Trotz Niwwel an Keelt war d’Motivatioun extrem grouss an net eng Sekonn huet een gezéckt fir awer den Hike net matzemaachen. BRAVO Avex!

Um 9h30 hunn si sech zu Schëffleng beim Scoutschalet getraff fir den Start. Hier Rees ass vun Schëffleng mam Zuch bis op Lamadelaine gaangen. Vun do aus ass et duerch Lamadelaine op den Tëtelbierg gaangen wou si en Atelier zum Kompass haten. Mat Kaart a Réimer hunn si duerno eenzel Punkten vun hirer Streck vum Tëtelbierg an den Fonds de Gras gesicht, wou si e kléngt Teambuildingsspill matgemaach haten an eng Mëttespaus gehalen haten.

No enger gudder waarmer Zöpchen ass dunn den Rescht vum Wee bestridden ginn mat engem Endposten, wou si nach emol Kniet a Konstruktiounen gesinn hunn an maachen dierften, éit et heem an den Chalet gaangen ass, wou et eng gudd Spaghetti Bolognese als Ofschloss gouf.

Et war en flotten Hike fir d’Avex an 5 vun hinnen freeën sech och schon den 8. Februar um Wanter Charity Hike deelzehuelen, mee och den Hike um Camping, deen dëst Joer fir d’Avex an Eisterräich stattfënnt, léisst si schon net méi lass.